Global content

Neie Management - Neie President - Nei Investissementer

24 May 2019
Aktualität

Neie Management - Neie President - Nei Investissementer

Dësen 23.ten Mee, gouf déi Lëtzebuerger Presse invitéiert, fir mat un der Rencontre tëscht dem Lëtzebuerger Premierminister, dem Här Xavier Bëttel an dem Generaldirekter vun der Cooperative Luxlait, dem Här Gilles Gerard, ze assistéieren.

Et wor fir den Här Gilles Gerard d’Geleeënheet fir déi nei Visioune vum Betrib ze presentéieren an och d’Richtung an déi hien d’Luxlait, déi hir 125 Joer dëst Joer feiert, wëll féieren.

"Fir de Lëtzebuergesche Marché, ass et fir eis Entreprise wichteg, innovativ, qualitativ héichwäerteg an zu 100% lëtzebuergesch Produiten unzebidden, déi den ëmmer méi wuessenden Erwaardunge vun eise Clienten entspriechen."

D'Luxlait huet beschloss, duerch d'Redefinéierung vun hiere Wäerter, hier Landwirte souwéi de lokalen Aspekt vun hiere Produiten ervir ze hiewen.

"Firmae kënnen net méi esou produzéiere wéi an der Vergaangenheet, a mir freeën eis iwwert dëst Bewosstsinn. Mir mussen et zu enger Éieresaach maachen, nohalteg ze produzéieren, a freeën eis dobäi eis Ëmwelt sou wei eisen Déiereschutz ze respektéieren."

D'Aktionärsbasis vun der Firma besteet aus ronn 360 Landwirten, déi all Lëtzebuerger sinn. D'Luxlait, déi dëst Joer hier 125 Joer feiert, beschäftegt aktuell 320 Mataarbechter an exportéiert 65% vu hierer Joresproduktioun.

"Am Export, si mir mat Mëllech-Gigante wéi Lactalis, Arla, Müller a Friesland Campina konfrontéiert, souwéi och engem ëmmer méi protektionistesche Marchéë. Hei wëlle mir Nischeproduiten ubidden, déi de Bedierfnisser vu ganz ënnerschiddleche Communautéiten entspriechen."

Hien gëtt dofir ënnerstëtzt vum neie President den Här Marc Reiners, an den zwee neie Vizepresidenten, den Här Guy Feyder an den Här Guy Noesen.

Op hierem Produktiounssite um Rouscht / Biissen, verfüügt d'Luxlait iwwert Entwecklungsfërdernd Installatiounen. Déi 2009 gebaute Molkerei gehéiert haut nach ëmmer zu deene modernsten aus ganz Europa.

"An der Liewensmëttelindustrie, wou d'Hygiène- an d'Qualitéitsstandarden ëmmer méi Usprochsvoll ginn, ass et wichteg Maschinne vum neiste Stand vun der Technik, souwéi qualifizéiert Aarbechtskräften ze hunn."

Et sief dobäi gesot dass d'Luxlait stänneg am gaangen ass ze investéieren. D'Direktioun huet an Ofsprooch mam Virstand, grad Investitiounen am Wäert vu 4,5 Mio. € fir eng Mëllechkonzentratiouns-Anlag accordéiert. Zousätzlech zu dëser Installatioun, huet d'Luxlait Ufanks dës Joers an eng nei Lagerhal mat enger Kapassitéit vu 5'000 Paletten an engem Wäert vun 2,5 Milliounen Euro investéiert.

Dës Investitioune schafe 5 nei Vollzäit Aarbechtsplazen.