Quiche faisselle
Hauptgericht

Mini Quichë mat Faisselle

4 Personen
30Min.
30Min.

Esou kennt Dir d'Quiche bestëmmt nach net!

Ingredienten

1 Ënn
100g gereechert Gréiwen (Lardonen)
2 Eeër
1/4 TL Salz
1 fäerdege Mierfdeeg
  Peffer

Zubereitung

1

De Schäffchen op 170°C Ëmloft virhëtzen.

2

D’Enn schielen an an Tranchë schneiden.

3

D’Gréiwen e puer Minutten an enger dréchener Pan ubroden, bis se ufänken hiert Fett ze loossen a Faarf kréien. An eng kleng Schossel ginn an op d’Säit stellen.

4

De Botter an der selwechter Pan schmëlzen an d’Enn op niddreger Hetzt eng 10 Minutten ubroden, bis se ganz mell ass. Op d’Säit stellen.

5

An enger Schossel d’Faisselle mat den Eeër opklappen sou dass se gutt vermëscht sinn. Mat ¼ Kaffisläffel Salz a Peffer wierzen.

6

Den Deeg ausrullen an kräizweis an 4 Stecker schneiden.

7

Ee Stéck Deeg an eng gebottert Quiche-Form vun 12cm ginn an den iwwerschëssegen Deeg zu engem Rand zesummerullen. Mam Rescht Deeg widderhuelen.

8

D’Ennen an d’Gréiwen op di 4 Quichen verdeelen, dann mat Eeër-Flan bedecken. Mat Emmentaler bestreeën an eng 30 Minutten am virgehëtzte Schäffche baken.

9

D’Quichë waarm oder kal zerwéieren.

Rezept erstellt von Anne's Kitchen

Search