Eise Stollen duerf op ärem Kaffisdësch wärend der Chrëschtzäit net feelen

Preparatioun: 30 Minutten – Iwwert Nuecht zéien – Schäffchen: 1 Stonn

Ingredients

250 g Korinten
100 ml donkele Rum
2 Eeër
130 g Zocker
1 EL Vanillszocker
1 Vanillsstaang
500 g Miel
5 TL Bakpolver
3 TL Stolle Gewierz
1 Pouz Salz
200 g Orangeat
200 g Marzipan
40 g Pudderzocker

Zubereitung

1

Een Dag am viraus d’Korinten an eng Schossel ginn a mam Rum bedecken. Fir 8 Stonnen oder iwwer Nuecht zéie loossen.

2

Den nächsten Dag d’Eeër an eng Schossel ginn, den Zocker a Vanillszocker derbäi ginn a gutt mixen. D’Vanillsstaang längslech opschneiden. D’Kären erauskrazen a bei d’Eeër ginn a nach eng Kéier mixen.

3

De Botter derbäi ginn a cremeg mixen. Dann de wäisse Kéis derbäi ginn an nach eng Kéier gutt mixen.

4

De Schäffchen op 160°C Umluft virhëtzen.

5

An enger zweeter Schossel d’Miel mam Bakpolver, Stolle-Gewierz a Salz vermëschen. No an no bei déi naass Ingrediente ginn a vermëschen.

6

Den Orangeat hacken a mat de Korinten an dem Rum ënnert den Deeg hiewen a gutt verknieden.

7

Mat naassen Hänn d’Hallschent vum Deeg op engem Bakblech mat Bakpabeier zu engem Oval formen. Zwou länglech Kaulen op all Säit andrécken.

8

D’Hallschent vum Marzipan an eng Zoossiss rullen an an eng Kaul leen. Den Deeg iwwert de Marzipan klappen an dann weiderrullen, dass en an der zweeter Kaul land. Dat mécht di typesch Stolle Form.

9

Mam Rescht Deeg widderhuelen.

10

D’Stollen 1 Stonn laang am Schäffche baken. Mat engem Zännstocher kontrolléieren dass se duerch sinn – wann keen Deeg dru peche bleift sinn se gutt.

11

Di reschtlech 80g Botter schmëlzen. D’Stollen aus dem Schäffchen huelen. Di verbrannte Korinten erofhuelen, well déi batter sinn. D’Stolle mat der Hallschent vun dem Botter besträichen a mat der Hallschent vum Pudderzocker bestreeën. 15 Minutten ofkille loossen an dann nach eng Kéier widderhuelen.

12

D’Stollen halen sech gutt zwou Wochen am Aluminium agepaakt op enger killer Platz.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert

Search