Fingerfood um Kaffisdësch ass  ugesot

Virbereedung: 1 Stonn - 35 Quarkbällercher

Ingrédients

75g Zocker
2 Iessläffel Vanillszocker
1 Iessläffel Vanillsextrakt
3 Eeër
1 Téiläffel Bakpolver
250g Miel
¼ Téiläffel Salz
2L Ueleg, fir ze frittéieren

Zubereitung

1

De Botter mam Zocker, Vanillszocker a Vanillsextrakt an eng Schossel ginn a gutt mixen. De wäisse Kéis derbäiginn an nach eng Kéier mixen. D’Eeër eent nom aneren derbäiginn an dertëscht gutt mixen. D’Miel, Bakpolver a Salz derbäiginn an zu engem glaten Deeg verschaffen.

2

Den Ueleg an enger Friteuse oder engem déiwen Deppen op 180°C erhëtzen.

3

D’Quarkbällercher no an no frittéieren: en Téiläffel Deeg huelen an mat engem zweeten Téiläffel zu enger Zort Boule formen. An d’waarmt Fett ginn an d’Bällercher ongeféier 4 Minutte laang frittéieren, dobäi se mat engem Schaumläffel reegelméisseg wende fir dass se iwwerall schéi brong ginn.

Fir ze zerwéieren:

100g Zocker
¼ Téiläffel Kanéil

Zubereitung

1

Den Zocker a Kanéil an engem déiwen Teller vermëschen.

2

D’Quarkbällercher mat engem Schaumläffel aus dem Fett huelen an op Kichepabeier ofdrëpse loossen. Dann di waarm Bällercher am Kanéilzocker rullen.

3

Mam reschtlechen Deeg weidermaache bis alles opgebraucht ass.

4

D’Quarkbällercher schmaachen am beschten um Daag wou se gemaach ginn, oder se kennen agefruer ginn. Dann einfach kuerz an der Mikrowellen opwiermen, fir dass se liicht waarm si wann een se ësst.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

Search