Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Quetsche Financiers
Et ass Quetschen-Zäit!
Ingrédients
Zubereitung
De Schäffchen op 180°C Ëmloft erhëtzen. 12 Rondele Bakpabeier ausschneiden, vun der Gréisst vum Buedem vun der Muffinform. 12 Muffinlächer afetten an en Rondel Bakpabeier op de Fong vun all Lach leen.
D’Quetsche wäschen an dréchnen. An Véierel schneiden, entkären an op d’Säit stellen.
D’Mandelen, den Zocker, Miel an d’Eewäiss mat enger Pouz Salz an eng Schossel ginn an opschloen.
De Botter an enger klenger Kasserolle schmëlzen an dann ongeféier 5 Minutte laang kache bis en ufänkt liicht brong ze ginn an nosseg richt. De waarme Botter bei den Deeg schëdden, dobäi gutt réieren.
Den Deeg op di 12 Muffinlächer verdeelen, an se nëmmen hallef fëllen. Dann 2 Quetschen-Stecker derbäiginn.
Am virgeheizte Schäffchen 20 Minutte baken.
D’Muffinform op e Grill stellen an 10 Minutten ofkille loossen éier een d’Financiers raushëlt.
D’Financiers schmaachen am beschten den Dag wou se gebak goufen.