Hauptgericht

Duebel gebake Grompere mat Knueweleksbotter

4 Personen
15Min.
80Min.
20Min.

Gromperen a Mëllechprodukter - déi perfekt Kombinatioun!

Ingredienten

4 grouss mieleg Gromperen
2 EL Olivenueleg
20g Bratzelen
1/2 TL Salz
8 Tranchë Speck
  Peffer

Zubereitung

1

De Schäffchen op 200°C Ëmloft erhëtzen.

2

D’Gromperen e puermol mat enger Forschett picken, op e Bakblech leeën a mat e bëssi Olivenueleg areiwen.

3

Am virgeheitzte Schäffchen eng Stonn laang bake bis d’Gromperen duerch sinn.

4

Aus dem Schäffchen huelen an 20 Minutten ofkille loossen.

5

D’Grompere längelzeg opschneiden an d’Fleesch auskrazen, dobäi d’Haut intakt loossen, an an eng Schossel ginn.

6

De Kueweleksbotter schmëlzen an zesumme mat der Sauer Ram, Salz, 50g Emmentaler an e bësse Peffer bei d’Gromperen an d’Schossel ginn. D’Bratzele kleng hacken an derbäiginn. Dat Ganzt mat engem Handmixer zu engem Püree verschaffen.

7

Di ausgehielegt Grompere mam Püree fëllen, da mam reschtleche Kéis bestreeën. Nach eng Kéier 20 Minutten am Schäffche baken.

8

Wärend där Zäit de Speck an enger Pan ubroden. Op Kichepabeier ofdrëpsen a graff hacken.

9

Wann d’Grompere bis aus dem Schäffche sinn, se mat engem Flapp Sauer Ram bedecken an e bëssi Speck a Bratzelen driwwerstreeën.

Rezept erstellt von Anne's Kitchen

Search