Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Rubbarb an Äerdbier Cobbler
Rubbarb an Äerdbier Saison ass endlech do!
Fir den Deeg:
Zubereitung
De Schäffchen op 170°C Umluft virhëtzen.
De Rubbarb an 1cm grouss Kübe schneiden. D’Äerdbier botzen an a Véierel schneiden. D’Uebst an eng Bakform vun 20x25cm ginn.
Den Zocker an eng kleng Schossel ginn. Ongeféier eng hallef Tonka Boun an den Zocker reiwen. Oder, wann een eng Vanillsstaang benotzt: d’Staang länglech opschneiden, d’Kären erauskrazen a mam Zocker vermëschen.
Den Zocker iwwert d’Uebst streeën a gutt vermëschen, sou dass d’Uebst iwwerall mat Zocker bedeckt ass.
Fir den Topping: D’Miel, de Bakpolver, den Zocker, d’Salz an d’Huewerflacken an eng Schossel ginn. D’Ram an de Vanills Extrakt drënner hiewen a gutt mëschen dass en Deeg entsteet.
Den Deeg iwwert dem Uebst verdeelen, sou dass ee 6 Kéip kritt. Mat e bësse Mandelbliedecher bestreeën an am virgehëtzte Schäffche wärend 40 Minutte baken.
Fir d’Schlagsan:
Zubereitung
Wärend där Zäit d’Schlagsan maachen: d’Ram an en Krou schëdden, de Pudderzocker derbäi ginn a steif schloen.
No 40 Minutten de Cobbler aus dem Schäffchen huelen a waarm oder bei Zëmmertemperatur zerwéieren. All Portioun mat engem Flapp Schlagsan zerwéieren.