Cordon Bleu Gratin

Fir 4 Persounen – Preparatioun : 45 Minutten – Schäffchen : 25 Minutten

4 dënn Kallefsschnitzelen
4 Tranchen gekachten Ham
500g Champignonen, a Scheiwen
2 Knuewelekszéiwen, zerdréckt
150ml wäisse Wäin
2 TL Maizena
15g Panko Broutgrimmelen
  Péiterséileg, gehackt
  Salz a Peffer

Zubereitung

1

Den Schäffchen op 180°C Umluft virhëtzen.

2

En Schnitzel op en Schneitbriet ausleeën an mat enger Bakrull e bëssen mi dënn klappen. Mat Salz a Peffer wierzen an op d’Säit stellen.

3

Eng Tranche Ham op de Schnitzel leen, dann 2 Tranchen Kéis dropleeën. De Schnitzel oprullen an op d’Säit leen. Mat den weideren 3 Schnitzel widderhuelen.

4

De Botter an enger Pan erhëtzen an d’Cordon Bleuen op alle Säiten gutt ubroden bis se brong sinn. An en Gratinsplat leen an op d’Säit stellen.

5

D’Champignonen an d’Pan mam Fett vum Fleesch ginn an soulaang ubroden bis all d’Waasser vun de Champignonen verkacht ass an d’Champignonen brong gebrode sinn. Den zerdréckten Knuewelek derbäiginn an nach zwou Minutten weiderbroden.

6

De wäisse Wäin derbäi ginn an e puer Minutten opkache loossen, dann d’Ram derbäi ginn an opkachen. De Maizena mat 4 Iessläffel Waasser an enger klenger Schossel vermëschen, da bei d’Zooss ginn a kuerz opkache loossen fir d’Zooss ze décksen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.

7

D’Champignons Zooss iwwert d’Cordon Bleuen schëdden.

8

Den Emmentaler mat den Broutgrimmelen vermëschen an iwwert d’Cordon Bleuen streeën.

9

Am virgehëtzten Schäffchen 25 Minutten baken.

10

Virum Zerwéieren mat Péiterséileg bestreeën.

11

TIPP: Dësen Plat ass gutt mat gekachten Gromperen an Bounen, oder mat enger einfacher grénger Zalot.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

Search