Wann dir Gromperekichelcher gär hutt dann ass dëst Rezept fir iech

Fir 2 Leit • Preparatioun: 45 Minutten

Fir d’Fritters:

1 kléng Courgette
2 Fréijoerszwiwwelen
1 kléng Knuewelekszéif
10 g Bratzelen oder aner Kraider*
120 g Miel
1 Ee
1 Kaffisläffel Salz
1 Poutz Peffer
  Olivenueleg

Zubereitung

1

D’Courgette rappen an an en Sift ginn. Mat enger gudder Pouz Salz bestreeën an d’Salz an d’Courgetten era masséieren. Fir 20 Minutten op d’Säit stelle fir dass d’Courgette Waasser zitt.

2

Wärend där Zäit d’Fréijoerszwiwwelen a Scheiwe schneiden, de Knuewelek schielen a pressen an d’Bratzele fein haken.

3

No 20 Minutten d’Flëssegkeet aus de Courgettë pressen a fort schëdden. D’Courgetten an eng Schossel ginn, Fréijoerszwiwwelen, Knuewelek, Bratzelen, Cottage Cheese, Miel, Ee, Salz a Peffer derbäi ginn. Gutt vermëschen.

4

Genuch Olivenueleg an eng Pan schëdde fir dass se ganz mat Ueleg bedeckt ass. Jeeweils en décken Iessläffel vum Deeg an d’Pan gi fir e puer Fritters ze maachen. D’Fritters op all Säit e puer Minutten ubrode bis se brong sinn, dann op Kichepabeier leeën.

Fir den Dip:

1 Iessläffel Bratzelen, gehaakt
1 Pouz Salz & Peffer
  Zitrouneschéiwen

Zubereitung

1

Wärend d’Fritters broden, den Dip maachen. De Cottage Cheese mat de Bratzele vermëschen a mat Salz a Peffer wierzen.

2

D’Fritters mat dem Dip zerwéieren.

3

*Dir kënnt och gehackte Basilic, Dëll oder Peffermënz amplaz huelen.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

Search