Bréng de Croissant op deen nächste Level

Fir 6 Persounen – Preparatioun : 15 Min – Schäffchen : 30 Min

Ingredients

6 al Croissanten
12 Iessläffel Hammbiersgebeess
1 Kaffisläffel Vanill Extrakt
2 Eeër
40 g Zocker
4 Iessläffel Amaretto (optional)
1 Iessläffel Mandelbliedecher
1 Pouz Pudderzocker
  Hammbier

Zubereitung

1

De Schäffchen op 160°C Umluft erhëtzen.

2

D’Croissante längslech opschneiden a mat Hammbiersgebeess besträichen, da rëm zouklappen. All Croissant an zwee schneiden.

3

Eng Form fir an de Schäffche vun 20x30cm mat Botter afetten an d’Croissanten sou draleeën dass se sech liicht iwwerlappen.

4

Fir de Pudding, d’Mëllech, d’Ram an de Vanill Extrakt an enger Kasseroll erhëtzen, bis se bal kacht. Wärend där Zäit d’Eeër mat dem Zocker an engem Krou vermëschen. Lues di waarm Mëllech iwwert d’Eeër schëdden an dobäi staark réieren, fir dass dat Ganzt sech gutt vermëscht. Wann dir Amaretto benotzt, da gitt en elo dobäi.

5

De Pudding iwwert d’Croissante schëdden, dat Ganzt mat de Mandelbliedecher bestreeën an am virgehëtzte Schäffche wärend 30 Minutte baken.

6

Mat Hammbiere bestreeën an e bëssi Pudderzocker iwwert de Pudding ginn an dann direkt zerwéieren.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

logo tetra pak

 

Search