Cheesecake vun 23cm fir 12 Leit – Virbereedung : 1 Stonn – Schäffchen : 1 ½ Stonn – Frigo : 12 Stonnen

Fir all d'Egg Nog Lovers ënner iech.
Zubereitung
De Schäffchen op 125°C Umluft erhëtzen.
Mat der Base ufänken : de Spekulatius an e Mixer ginn an zu Grimmele mixen. De Kanéil an de geschmolte Botter derbäiginn an nach eng Kéier mixen.
D’Springform gutt awéckele fir dass den Cheesecake dono net ausleeft : en rechteckegt Stéck Bakpabeier op d’Base vun enger 23cm grousser Springform leen. De Rank vun der Form dropstellen an zoumaachen. De Bakpabeier iwwert d’Form eropstrëppen. D’Base dono fest mat Aluminiumpabéier emweckelen.
D’Spekulatiusgrimmelen op der Base verdeelen a pressen. An de Frigo stelle wärend d’Fëllung preparéiert gëtt.
Fir d'Fëllung
300g Schmierkéis
80g Zocker
1/4 TL Salz
1 TL Vanills Extrakt
4 Eeër
Zubereitung
Fir d’Fëllung : de Schockela reng hacken. Den Egg Nog an enger Kasserolle op niddreger Hëtzt erhëtze bis et ufänkt mat liicht kachen, dobäi konstant réieren.
De Schockela bei den Egg Nog ginn a réiere bis en komplett geschmolt ass. Op d’Säit stellen.
De Luxlait wäisse Kéis, de Schmierkéis, Zocker, Salz a Vanill Extrakt an enger Schossel zesummemëschen. D’Eeër noeneen doran opklappen a vermëschen. Den Egg Nog mam geschmolte Schockela derbäiginn a vermëschen.
D’Springform aus dem Frigo huelen an op e Bakblech stellen. D’Fëllung an d’Form schëdden an den Cheesecake am virgehëtzte Schäffchen 1 ½ Stonn baken.
No 1 ½ Stinn den Cheesecake aus dem Schäffchen huelen (en gesäit nach ëmmer ganz wackeleg aus) an op enger Hiertche komplett ofkille loossen.
Wann den Cheesecake bis ofgekillt ass, en mindestens 12 Stonnen an de Frigo stellen éier een en aus der Form hellt an zerwéiert.
Zubereitung
Kuerz virum zerwéieren d’Schlagsan maachen : d’Ram an de Pudderzocker an eng Schossel ginn an zu enger Schlagsan schloen. Den Egg Nog a Sahnesteif derbäiginn an eng weider Minutt opklappe bis et eng Schlagsan gëtt di steif genuch ass fir ze sprëtzen. D’Schlagsan an en Sprëtzbeutel mat engem stärefërmegen Opsaz ginn.
Den Cheesecake aus der Springform huelen andeems ee mat engem Messer ganz ronderem schneid fir en ze léisen. Op en Zerweierteller stellen an d’Schlagsan iwwert den Cheesecake sprëtzen. Mat Zockerpärelen dekoréieren an zerwéieren.
Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.
