Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Festlech Kriibs Verrinen
Déi perfekt Entrée fir Äre Chrëschtdagsmenü
Ingredienten
Zubereitung
D'Avocado opschneiden, de Steen eraushuelen an d'Fleesch erauskrazen. An enger Schossel zesumme mam Limettejus, Koriander, Paprikapolver an Chilli vermëschen a mat Salz a Peffer wierzen.
An enger zweeter Schossel, d'Kriibse mam Limettejus an e bësse Salz mëschen.
D'Faisselle ofdrëpse loossen a mat der Ram an enger drëtter Schossel vermëschen, mat Salz a Peffer generéis wierzen.
An 6 Verrine jeeweils eng Schicht Avocado-Crème um Fong verdeelen, mat Kriibse bedecken an da mat enger Schicht Faisselle. Mat Forellen Eeër dekoréieren an an de Frigo setze bis zerwéiert gëtt.
Toastbrout Scheiwen op engem Brietche mat enger Deegrull flaach rullen.
Mat enger Stäreform Stären aus dem Brout erausstiechen.
De Luxlait Knuewelek a Kraiderbotter schmëlzen. D'Stären op béide Säite mat geschmoltem Botter apinselen an se an enger Pan knuspreg broden.
D'Verrinen direkt aus dem Frigo zerwéieren an se mat Broutstären dekoréieren.