Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Festlechen Egg Nog Glacëbecher
Dee perfekte Glacëbecher fir Chrëschtdag
Ingredienten
Zubereitung
Den Dag virdru mat dem Uebst an de Meringuen ufänken. D’gedréchent Uebst an eng kleng Schossel ginn a mam Rum vermëschen. 8 Stonne bis 1 Nuecht laang zeie loossen.
De nächsten Dag d’Egg Nog Glace aus dem Tiefkühltruh huelen a 5 Minutten entdeeë loossen. Wärend där Zäit de Spekulatius zerbriechen an an eng grouss Schossel ginn. D’Glace an d’gedréchent Uebst derbäiginn a schnell vermëschen, sou dass alles gutt verdeelt ass. D’Glace an de Becher zréckfëllen an nach eng Stonn virum zerwéiere fréieren.
Fir d’Chrëschtbeemche Meringuen:
Zubereitung
Fir d’Chrëschtbeemche Meringuen: de Schäffchen op 100°C Ëmloft virhëtzen. D’Eewäiss mam Zocker steif schloen, bis den Zocker opgeléist ass. D'Maisstäerkt an Esseg derbäiginn an nach eng Kéier mëschen.
E bëssi gréng Liewensmëttelfaarf derbäiginn a gutt vermëschen. D’Meringue Mëschung an en Sprëtzbeutel mat enger Stärefërmeger Nues ginn a kleng Chrëschtbeemercher op en Bakblech mat Bakpabeier sprëtzen. Mat Sprinkles dekoréieren a fir 1 ½ Stonn am Schäffche baken. Dono de Schäffchen ausschalten an d’Meringuen nach eng Stonn am Schäffche stoe loossen. An eng Këscht paken an se op enger dréchener Platz halen.
Zubereitung
Wärend där Zäit d’Rum Karamell Zooss maachen: d'Cassonnade, de Botter an d’Ram an eng Kasserolle ginn an opkachen, dobäi di ganzen Zäit réieren. 3 Minutte laang kache bis d’Zooss ufänkt ze décksen. Vun der Kachplack huelen an de Rum ënnermëschen. Virum zerwéieren ofkille loossen.
Wann ee prett ass fir z’iessen, jeeweils 2 Bulle Glace op all Teller ginn, mat Rum Karamell Zooss begéissen a mat Chrëschtbeemche Meringuen dekoréieren.