Fir 8 Persounen – Preparatioun: 1 Stonn 15 Minutten – Schäffchen: 20 Minutten

Léiwer Härgottsblieschen, Gitt ons Speck an Ierbessen...
Ingredients
2 Poretten
600g Poulets Brëscht
200g gefrueren Ierbessen
2 EL Ueleg
100g gereechert Speck Lardonen
1 Knuewelekszéif
50g Miel
100ml wäisse Wäin
1 EL Moschter mat Kären
1 EL Moschter
Salz a Peffer
Zubereitung
D’Grompere schielen an a Véierel schneiden. An en grousst Deppe mat gesalztem Waasser ginn an zum kache bréngen. 15 Minutte kache bis d’Grompere mëll sinn.
Wärend där Zäit d’Porett botzen an dat gréngt wechschneiden. A reng Scheiwe schneiden, an ee Sift ginn a wäschen. Op d’Säit stellen.
De Poulet a mondgerecht Stecker schneiden.
D’Ierbessen a kachendem Salzwaasser 2 Minutte laang kachen, ofschëdden an op d’Säit stellen.
En Iessläffel Ueleg an eng grouss, déif Pan ginn an d’Lardonen e puer Minutten ubrode bis se brong sinn. An eng grouss Schossel ginn. En weideren Iessläffel Ueleg an d’Pan ginn an de Poulet mat e bëssi Salz a Peffer ubrode bis d’Stecker op alle Säite brong sinn. De Poulet bei de Speck an d’Schossel ginn.
50g Botter an der Pan vum Fleesch schmëlzen an d’Poretten eng 8 Minutten ubrode bis se gutt mëll sinn. D’Knuewelekszéif schielen an pressen an bei d’Poretten an d’Pan ginn an eng weider Minutt ubroden. D’Miel derbäiginn a gutt réieren, dann de Wäin derbäischëdden an eng Minutt kachen. No an no 500ml Mëllech derbäischëdden, an all Kéiers dertëschent gutt réieren, fir dass d’Zooss déckst. Wann all d’Mëllech opgebraucht ass, di zwou Moschterzorten ënnerréieren. Mat Salz a Peffer ofschmaachen an d’Zooss bei de Poulet an d’Schossel ginn. D’Ierbessen derbäiginn an alles gutt vermëschen.
D’Poulets-Fëllung an eng grouss Bakform vun ongeféier 40 x 25 cm ginn.
De Schäffchen op 180°C Ëmloft virhëtzen.
Wann d’Grompere bis mëll sinn, ofschëdden an zu engem glate Püree stampfen. 20g Botter, Kachkéis a 50ml Mëllech derbäiginn a gutt mat Salz a Peffer ofschmaachen.
De Püree an en Sprëtzbeutel mat engem ronnen Opsaz ginn an da kleng Kéipercher iwwert di waarm Pouletsfëllung sprëtzen.
E bëssi geschmolte Botter iwwert de Püree ginn an de Pie am virgeheitzte Schäffche wärend 20 Minutte baken, bis d’Fëllung blubbert an de Püree schéi goldeg ass.