Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Gréngen Shakshuka
Dat ultimatiivt Eeërezept fir d'Owesiessen oder ee Brunch
Zubereitung
D’Spinatblieder entdeeën an d’Waasser auspressen, da grob hacken. D’Courgette an 1cm Kübe schneiden an op d’Säit stellen. D’Ënn schielen a reng hacken. De Knuewelek schielen a pressen.
D’Edamame an kachendem Salzwaasser 2 Minutte laang kachen, dann ofschëdden an ënnert kalem Waasser ofkillen. Op d’Säit stellen.
De Botter an enger Pan schmëlzen an d’Enn 4 Minutte laang ubroden. D’Courgette mat enger Pouz Salz derbäiginn an op enger niddreger Hëtzt 5 Minutte laang brode bis se ufänke mell ze ginn.
De Knuewelek derbäiginn an eng weider Minutt broden. De Spinat an d’Edamame derbäiginn an alles vermëschen.
De wäisse Wäin derbäiginn a puer Minutten opkachen, dann d’Ram an eng Pouz Muskot derbäiginn an dat Ganzt mat Salz a Peffer wierzen. Gutt vermëschen.
4 kleng Lächer an der Pan maachen an d’Eeër an d’Lächer ginn. 4 Läffele Cottage Cheese ronderëm d’Eeër verdeelen. Alles mat Salz a Peffer wierzen an dann d’Pan mat engem Deckel ofdecken an eng weider 5 Minutte kachen, bis d’Eeër sou gekacht si wéi dir se gär hutt.
Dat Ganzt mat Brout zerwéieren.