Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Halloween Poivronen mat Pesto a Brie Couscous
Fir e bëssen Halloween-Feeling um Owesdësch
Zutaten
Zubereitung
Mat engem klenge spatze Messer Deckele vun de Poivronen an engem Zick-Zack Muster schneiden. D’Deckele virsiichteg erofhuele fir dass se net briechen. D’Kären aus de Poivrone rausschneiden an Halloween Gesiichter an d’Poivrone schneide – haalt di ausgeschnidde Stecker Poivron fir dono mat der Enn ze broden.
De Couscous mat enger Pouz Salz an eng grouss Schossel ginn a grad gekachtem Geméisbouillon driwwerschëdden. Mat engem Teller ofdecken an op d’Säit stellen.
D’Ënn schielen a reng hacken. 20g Botter an enger Pan schmëlzen an d’Ënn mat de Poivronsreschter an enger Pouz Salz 5 Minutte laang ubroden. Bei de Couscous an d’Schossel ginn.
De Schäffchen op 180°C Ëmloft erhëtzen.
All d’Ingrediente fir de Pesto an e klenge Mixer ginn a mixen. De Goût mat Salz a Peffer ajustéieren an da mam Couscous vermëschen.
De Brie an 1cm kleng Wierfel schneiden a mam Couscous vermëschen.
D’Poivrone mam Couscous fëllen, dobäi d’Fëllung undrécken dass se gutt fest ass. D’Deckelen op d’Poivrone leeën a mat jeeweils 2 Zännstocher fixéieren.
Eng Bakform mat e bëssi Olivenueleg besträichen an d’Poivrone mam Gesiicht no uewen an d’Form leen. Mat Aluminium bedecken an eng 35 Minutten am Schäffche baken.
Fir d'Tomatenzooss
Zubereitung
Wärend där Zäit d’Zooss preparéieren. D’Ënn schielen a reng hacken. Den Olivenueleg an engem Dëppen erhëtzen an d’Ënne mat enger Pouz Salz eng 5 Minutte laang ubroden. De Knuewelek schielen a pressen a mat dem Fenchelsom bei d’Ënn an d’Pan ginn an eng Minutt ubroden.
De roude Wäin bei d’Ënne schëdden an eng Minutt opkachen, dann d’Passata, Herbes de Provence an Zocker derbäiginn an eng 10 Minutten akachen.
E bëssi Zooss op all Teller ginn an en Poivron dropstellen an zerwéieren.
Tipp : Fir eng mi séier Versioun kennt dir och fäerdege Pesto an Tomatenzooss benotzen.