Déi Lëtzebuerger Variant vun enger gudder traditioneller Fondue

Preparatioun: 50 Minutte – Fir 4 Persounen

Zoutaten

250 g Gruyère, gerappt
100 ml Wäisse Wäin
2 Knuewelekszéiwen
2 EL Maizena
50 ml Kirsch
1 ½ Baguette
4 ½ EL kärege Moschter
4 ½ EL glate Moschter
3 EL Waasser

Zubereitung

1

Den Uewen op 180°C Ëmloft erhëtzen.

2

D’Baguette a mondgerecht Stécker schneiden an op e grousst Bakblech leeën. An enger klenger Schossel, de Moschter mam Waasser vermëschen. De Moschter iwwert d’Broutstécker schëdden a mat den Hänn alles gläichméisseg areiwen. Mat Salz wierzen.

3

Am firgehëtzten Uewe fir 15 Minutte knausereg baken, an d’Kroutonen eng Kéier ëmdréinen sou dass se net op enger Säit verbrennen.

4

De Kachkéis mam Gruyère a Wäin an e Fondusdëppe ginn. D’Kueweleckszéiwe schielen a pressen a bei de Kéis ginn. Alles schmëlze loossen, a wärenddeem gutt réieren.

5

De Maizena am Kirsch an engem klénge Glas opléisen, bei d’Fondue schëdden a fir e puer Minutten akachen, esou dass d’Fondue déckst.

6

D’Fondue mat de Moschter Kroutonen zerwéieren.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert

Search