Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Kachkéis Fondue mat Moschter Kroutonen
Déi Lëtzebuerger Variant vun enger gudder traditioneller Fondue
Zutaten
Zubereitung
D’Kachkéis Strull a Stécker schneiden. An en Fondusdëppe ginn, de Wäin an d’Ram dobäi ginn an alles schmëlze loossen.
Wann de Kéis bis geschmolt ass, déi zerdréckte Knuewelekszéiwen, de Gruyère an e bësse Peffer dobäi ginn. Alles zur enger glater Kéisfondue schmëlze loossen.
De Maizena am Kirsch an engem klénge Glas opléisen, bei d’Fondue schëdden a fir e puer Minutten akachen, esou dass d’Fondue déckst.
D’Fondue mat Moschter Croutonen zerwéieren.
Fir d’Croutonen:
Zubereitung
Den Uewen op 180°C Ëmloft erhëtzen.
D’Baguette a mondgerecht Stécker schneiden an op e grousse Bakblech leeën. An enger klenger Schossel, de Moschter mam Waasser vermëschen. De Moschter iwwert d’Broutstécker schëdden a mat den Hänn alles gläichméisseg areiwen. Mat Salz wierzen.
Am firgehëtzten Uewen fir 15 Minutten knausereg baken, an d’Croutonen eng Kéier ëmdréinen sou dass se net op enger Säit verbrennen.