Bréngt d'Häerz vun all Kachkéislover zum schmëlzen

Fir 4 Persounen • Virbereedung: 45 min • Vegetaresch

Ingredienten

375 g Miel
3 Eer
½ Kaffisläffel Salz
1 Poutz Peffer
200 ml wäisse Wäin
8 Kaffisläffel Moschter
8 Kaffisläffel Maizena
90 g Ruccola
4 Iessläffel Nëss, gehackt

Zubereitung

1

All d’Ingredienten fir d’Kniddelen an eng grouss Schossel ginn, mat Salz a Peffer wierzen an zu engem Deeg verréieren.

2

En Deppen mat kachendem Waasser fëllen, an eng gutt Pout Salz dobäi ginn. En Kaffisläffel Deeg huelen an an d’kachend Waasser zappen, mat engem zweeten Läffel erofdrécken, sou dass den Deeg op de Fong vum Dëppen rutscht. E puer Kniddelen machen, mais d’Deppen net iwwerfëllen.

3

D’Kniddelen soulaang kachen bis se ufänken op der Surface ze schwammen – se dann nach eng weider 2 Minutten kachen, fir dass se duerch sinn. Mat engem Läffel aus dem Waasser raushuelen, an en Deppen ginn an mat engem Deckel zoudecken fir d’Kniddelen warmzehaalen.

4

Wann d’Kniddelen all gekacht sinn, d’Zooss machen: de Kachkéis an de Wäin an eng Kasserolle ginn an opkachen loossen – dobäi konstant réieren. Den Moschter an d’Ram derbäi ginn. De Maizena mat 4 Iessläffelen Waasser an enger klenger Schossel vermëschen an och bei d’Zooss schëdden. Reieren an opkachen loossen bis d’Zooss gedéckst ass.

5

D’Kniddelen op 4 Teller verdeelen, d’Zooss drop verdeelen an mat Ruccola an Nëss dekoréieren.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

Search