Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Kefir Speck Muffins mat Moschter Crème
Dee perfekten Aperitif
Ingredienten
Zubereitung
De Schäffchen op 180°C Ëmloft erhëtzen.
D’Lardone reng hacken an an enger dréchener Pan 3 Minutten ubroden. Op d’Säit stellen.
D’Miel, Salz, Bakpolver, Natron, Kéis an eng Pouz Peffer an enger grousser Schossel vermëschen. An engem Krou d’Ee mam geschmolte Botter a mam Kefir opklappen.
D’Eeërmëschung iwwert di dréchen Ingrediente schëdden an zu engem Deeg vermëschen. De Speck an d’Fréijoerszwiwwel ënnermëschen.
Den Deeg op 30 agefette Lächer vun enger Mini Muffinform verdeelen a 15 Minutten am Schäffche baken. Op enger Hiertchen ofkille loossen.
Wärend d’Muffins am Schäffche sinn, d’Glasur preparéieren. D’Sauer Ram mam Moschter an enger Pouz Salz an enger Schossel vermëschen. An en Spritzbeutel mat enger Stärefërmeger Nues ginn an an de Frigo stellen.
Wann d’Muffins bis kal sinn op all Muffins e bëssi Crème sprëtzen a mat gehackte Bratzelen dekoréieren.
INFO : Des Muffins sinn am beschten den Dag wou se gebak goufen. Dir kennt se eng Nuecht an enger Këscht halen an se da kuerz am Schäffchen opwiermen. Se loossen sech och gutt afréieren, a wann se bis entdeet sinn, se nach eng Kéier an de Schäffche stellen dass se rëm bësse krupseg ginn.