Entdeckt eisen neie Brie an enger summerlecher Zalot

Fir 2 Persounen – Preparatioun: 30 Minutten

Zutaten

100g kleng gréng Spargelen
20g Pinionen
1 Ee
20g Broutgrimmelen
  Planzenueleg, fir ze frittéieren
125g gemëschten Zaloteblieder
1 Handvoll eng Handvoll Basilikum, gehackt
2x 50g Hammbier
2 EL Balsamiko Esseg
3 EL Olivenueleg
1 EL Hunneg
1 EL Waasser
  Salz a Peffer

Zubereitung

1

D’Spargelen an eng Schossel ginn a mat e bëssi Olivenueleg vermëschen. Eng Grillpan erhëtzen an d’Spargele 5 Minutte laang grillen (oder méi laang, et hänkt dovun of wei deck d’Spargele sinn), bis dass se duerch sinn. Mat Salz a Peffer wierzen an op d’Säit stellen.

2

D’Pinionen an enger dréchener Pan réischteren an op d’Säit stellen.

3

All d’Ingrediente fir d’Vinaigrette an en klenge Mixer ginn an zu enger Vinaigrette mixen. Op d’Säit stellen.

4

De Brie an 8 Stecker schneiden. En Ee an en déiwen Teller ginn a mat enger Forschett opklappen. D’Broutgrimmelen an en zweeten Teller ginn a mat Salz a Peffer wierzen.

5

All Brie Stéck am Ee wenden, dann an de Broutgrimmele wende bis se gutt panéiert sinn.

6

De Buedem vun enger Pan mat Ueleg bedecken an erhëtzen. De Brie ongeféier 1 Minutt op all Säit frittéieren, bis en schéi brong ass. Op engem Teller mat Kichepabeier ofdrëpsen.

7

D’Zaloteblieder mat dem Basilikum an der Vinaigrette an eng Schossel ginn a gutt vermëschen. D’Zalot op 2 Tellere verdeelen, mat gegrillte Spargelen a frittéiertem Brie beleeën an dann d’Pinionen an d’Hammbier driwwer streeën. Direkt zerwéieren.

Rezept vum Anne’s Kitchen

Search