Fir 6 Persounen – Preparatioun: 30 min – Raschten: 1 Stonn – Schäffchen: 18 Minutten
Ee waarm-kale Pleséier
Zutaten
140g donkelen oder Mëllechschockela
4 Eeër
140g Zocker
1 TL Vanillsextrakt
50g Miel
1 Pouz Salz
Zubereitung
40g Botter schmëlzen an domat 6 Ramequine vun 120ml afetten. Fir 2 Minutten an de Frigo stelle fir dass de Botter haart gëtt. Dann eng zweet Couche Botter driwwersträichen a grousszügeg mat Kakaospudder bestreeë fir dass d’Ramequine komplett bedeckt sinn. Zréck an de Frigo stelle wärend een de Moelleux preparéiert.
120g Botter an eng kleng Kasserolle ginn. De Schockela hacken a bei de Botter ginn. Dat Ganzt an engem Bain-marie schmëlzen : e bësse Waasser an en grousst Dëppe ginn an opkachen. D’Kasserolle mam Botter a Schockela an d’Deppe ginn – sou dass d’Kasseroll d’Waasser net beréiert – an alles ënnert réiere schmëlzen. Op d’Säit stellen.
D’Eeër an eng Schossel ginn a mam Zocker a Vanills Extrakt schaumeg opschloen. De geschmolte Schockela ënner réieren derbäischëdden, an dann d’Miel an d’Salz ënnerhiewen.
Den Deeg op di 6 Ramequine verdeelen a fir 1 Stonn oder iwwer Nuecht an de Frigo stellen.
De Schäffchen op 180°C Ëmloft virhëtzen. D’Ramequinen op en Bakblech stellen a fir 18 Minutten am Schäffche baken. Aus dem Schäffchen huelen an 1 Minutt roue loossen éier een se op Telleren kippt.
*Den Timing fir de perfekte Moelleux ze kréien ass schwiereg. Wann dir méi grouss oder méi kleng Ramequine benotzt, oder wann äre Schäffchen e bëssi anescht geet, kritt dir een anert Resultat. Kuckt dass de Moelleux schéin opgaangen ass, dass en uewendrop gebak ass awer bannendran nach schéi mëll ass.
Zubereitung
Jeeweils eng Boule Luxlait Pistasch Glace derbäi ginn a mat Pudderzocker a Pistasche bestreeën. Direkt zerwéieren.
Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.