Fir all d'Kachkéis-Liebhaber

Fir 8 Persounen – Preparatioun : 1 Stonn

3 Poretten
600 g mieleg Gromperen
2 Knuewelekszéiwen
450 ml wäisse Wäin
1,2 l Geméis- oder Pouletsbouillon
  Salz a Peffer
250 g aalt Brout
2 EL Moschter
2 EL kärege Moschter
  Bratzelen oder Péiterséileg, gehackt
  E bësse Luxlait Ram

Zubereitung

1

D’Porette botzen an den ieweschten donkelgréngen Deel ofschneiden. D’Poretten der Längt no kräizweis duerchschneiden an se dann a kleng Stecker schneiden, sou dass een ongeféier 500g huet. An en Sift ginn a gutt wäschen.

2

D’Grompere schielen an an 2cm Wierfele schneiden.

3

25g Botter an engem groussen Dëppe schmëlzen an d’Porett derbäiginn. 5 Minutte laang lues ubrode bis d’Porett mell ass.

4

Wärend där Zäit de Knuewelek schielen a pressen. No 5 Minutte bei d’Porette ginn an eng weider Minutt broden.

5

De wäisse Wäin derbäiginn an opkache loossen, dann 2 Minutte weider kachen. Dann d’Gromperen, de Bouillon an de Kachkéis derbäiginn. Opkache loossen, da mat engem Deckel ofdecken a bei mëttlerer Temperatur 20 Minutte kache loossen, bis d’Grompere mëll sinn.

6

Wärend där Zäit d’Croutone maachen : de Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen.

7

D’Brout a Wierfel schneiden an an eng Bakform ginn.

8

An enger klenger Schossel di zwou Zorte Moschter an de geschmolte Botter vermëschen. Iwwert d’Brout schëdden a mat den Hänn vermëschen. Mat e bëssi Salz bestreeen.

9

D’Brout Croutone 15 Minutten am Schäffche bake bis se knuspreg sinn, an eng Kéier wärend dem Bake wende fir dass se net ubrennen.

10

No 20 Minutte wann d’Grompere bis mëll sinn, d’Zopp vun der Kachplack huelen a mat engem Stabmixer glat püréieren. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.

11

All Portioun Zopp mat e bëssi Bratzelen oder Péiterséileg bestreeen, a mat e bëssi Ram a puer Croutonen zerwéieren.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

Search