Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Saumon am Kräidermantel mat gebakenen Tomaten an Jughurt
Dir braucht net bis op d'Faaschtenzäit ze waarde fir eise Saumon ze preparéieren...
Zubereitung
Mat den Tomaten ufänken. De Schäffchen op 180°C "Umluft" erhëtzen. D’Tomaten an eng Bakform ginn a mat den Herbes de Provence a Fenchelkären bestreeën. De Knuewelek schielen, a Scheiwe schneiden a bei d’Tomate ginn. E bëssi Balsamicoesseg iwwert d’Tomate schëdden, an e gudde Schotz Olivenueleg derbäiginn. Mat Salz a Peffer wierzen an eng 15-20 Minutten am Schäffche baken
Wärend där Zäit d’Croûte fir de Saumon preparéieren. D’Broutgrimmelen an e Mixer ginn. De Knuewelek schielen a pressen an derbäi ginn. Olivenueleg, e bëssen Zitrounezest a Salz a Peffer derbäiginn an dat Ganzt mixen fir dass et zesummekënnt.
D’Saumonsfileten an eng geuelegt Bakform leeën. D’Broutcroûte drop drécke fir dass se peche bleift. Am Schäffche fir 10 Minutte baken (se kennen zesummen mat den Tomaten am Schäffchen baken).
Wärend där Zäit de Couscous a Jughurt preparéieren. De Couscous mam Botter an enger Pouz Salz an eng Schossel ginn. 180ml kachend Waasser driwwerschëdden, emréieren an d’Schossel ofdecken. 5 Minutten zéien loossen, dann mat enger Forschett oplackeren.
De Jughurt an eng Schossel ginn, mat Zitrounezest, Salz a Peffer wierzen.
De Jughurt op zwee Teller verdeelen. Mat gebakenen Tomaten beleeën, da jeeweils ee Saumons Filet dernieftsetzen a mat e bëssi Couscous zerwéieren.