Dir braucht net bis op d'Faaschtenzäit ze waarde fir eise Saumon ze preparéieren...

Fir 2 Persounen • Virbereedung: 25 Minutten • Schäffchen: 20 Minutten

2 Saumons Fileten, ouni Haut
20 g Broutgrimmelen
200 g Cherry Tomaten
120 g Couscous
2 kleng Knuewelekszéiwen
1 Iessläffel Olivenueleg
1 Iessläffel Estragon
Kaffisläffel Herbes de Provence
½ Kaffisläffel Fenchelkären
1 Schotz Balsamicoesseg an Olivenueleg
* Zitrounenzest
* Salz & Peffer

Zubereitung

1

Mat den Tomaten ufänken. De Schäffchen op 180°C "Umluft" erhëtzen. D’Tomaten an eng Bakform ginn a mat den Herbes de Provence a Fenchelkären bestreeën. De Knuewelek schielen, a Scheiwe schneiden a bei d’Tomate ginn. E bëssi Balsamicoesseg iwwert d’Tomate schëdden, an e gudde Schotz Olivenueleg derbäiginn. Mat Salz a Peffer wierzen an eng 15-20 Minutten am Schäffche baken

2

Wärend där Zäit d’Croûte fir de Saumon preparéieren. D’Broutgrimmelen an e Mixer ginn. De Knuewelek schielen a pressen an derbäi ginn. Olivenueleg, e bëssen Zitrounezest a Salz a Peffer derbäiginn an dat Ganzt mixen fir dass et zesummekënnt.

3

D’Saumonsfileten an eng geuelegt Bakform leeën. D’Broutcroûte drop drécke fir dass se peche bleift. Am Schäffche fir 10 Minutte baken (se kennen zesummen mat den Tomaten am Schäffchen baken).

4

Wärend där Zäit de Couscous a Jughurt preparéieren. De Couscous mam Botter an enger Pouz Salz an eng Schossel ginn. 180ml kachend Waasser driwwerschëdden, emréieren an d’Schossel ofdecken. 5 Minutten zéien loossen, dann mat enger Forschett oplackeren.

5

De Jughurt an eng Schossel ginn, mat Zitrounezest, Salz a Peffer wierzen.

6

De Jughurt op zwee Teller verdeelen. Mat gebakenen Tomaten beleeën, da jeeweils ee Saumons Filet dernieftsetzen a mat e bëssi Couscous zerwéieren.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

Search