Fir 4 Persounen – Preparatioun: 45 Min. – Grill: 5 Min.

Saumons-Broschetten mat Knueweleksbotter a Kraidertabboulé
1 EL Hunneg
2 Zitrounen
8 Spiisser
200g renge Bulgur
1 Kornischong
200g Kiischtentomaten
40g Péiterséileg
20g Peffermënz
Zitrounejus, no Goût
Salz a Peffer
Zitrounenspalten, fir ze zerwéieren
Zubereitung
Mam Tabboulé ufänken. De Bulgur an 80g Kräiderbotter mat ½ Téiläffel Salz an eng Schossel ginn. 300ml kachend Waasser derbäischëdden, ëmréieren, mat engem Teller bedecken an 20 Minutten zéie loossen.
De Rescht Kräiderbotter fir d’Broschette schmëlzen a mam Hunneg, gerappter Schuel vun 1 Zitroun an 2 Iessläffelen Zitrounejus vermëschen.
De Saumon a mondgerecht Stecker schneiden. 1 ½ Zitroun a kleng Véierel Scheiwe schneiden. De Saumon op d’Spiisser opspiissen, a mat Zitrounescheiwen ofwiesselen, sou dass een 8 Broschette kritt.
De geschmolte Kräiderbotter iwwert d’Spiisser schëdden a mat Salz a Peffer wierzen. Bei Zëmmertemperatur 20 Minutte marinéiere loossen.
Wärend där Zäit d’Kornischong schielen, längs opschneiden an d’Käre rauskrazen. An kleng Wierfele vun ½ cm schneiden. D’Tomaten a Véierel schneiden. De Péiterséileg an d’Peffermënz hacken. Alles bei de fäerdeg gezunne Bulgur ginn a mat Zitrounejus, Salz a Peffer ofschmaachen. Bis zum Zerwéieren an de Frigo stellen.
Wann de Saumon bis 20 Minutte marinéiert huet, d’Spiisser 5 Minutten op engem Grill grillen, an se e puermol dréie fir dass se iwwerall schéi gegrillt sinn.
D’Broschette mat Tabboulé an Zitrounespalten zerwéieren.
TIPP: Dir kennt dëse Plat mat engem Flapp Jughurt dee gemëscht mat Zitrouneschuel, zerdrécktem Knuewelek, Salz a Peffer ass, zerwéieren.
Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.