Fir 4 Persounen - Preparatioun: 1 Stonn

Fir Ouschteren
8 Sole Fileten, ouni Haut
1 Bond Estragon
1 Lorberblat
5 Pefferkären
75ml wäisse Wäin
Salz a Peffer
240g Basmati Räis
360ml Waasser
500g Spinatblieder
1 Enn
1 Knuewelekszéif
Zubereitung
De Schäffchen op 180°C Ëmloft virhëtzen.
De Saumon an 8 laang Stecker schneiden. D’Sole Fileten ausleeën a mat Salz a Peffer bestreeën, da mat e puer Estragonsblieder beleeën. Jeeweils ee Saumonsstéck op een Enn vun engem Filet de Sole leen an dann oprullen. Mat engem Zännstocher fixéieren.
Eng Bakform mat e bëssi Ueleg besträichen an d’Rouladen draleeën. D’Lorberblat, d’Pefferkären an de wäisse Wäin derbäischëdden. D’Form mat Aluminiumspabeier bedecken an 20 Minutten am Schäffche baken.
Wärend där Zäit de Räis a Spinat preparéieren.
De Räis an engem Sift wäsche bis d’Waasser kloer ass. An en Dëppe ginn, d’Waasser derbäischëdden, de Botter derbäiginn an eng gutt Pouz Salz derbäiginn. Mat engem Deckel bedecken an opkache loossen, da 15-20 Minutte kache bis all d’Waasser verkacht ass. Den Deckel vum Dëppen erofhuelen, en Duch op d’Dëppe leeën a rëm zoudecken. 5 Minutte stoe loossen éier een de Räis zerwéiert.
De Spinat an engem Dëppe mat Salzwaasser eng gutt Minutt blanchéieren. Ofschëdden an d’Flëssegkeet aus dem Spinat rauspressen. D’Enn schielen a reng hacken. De Knuewelek schielen a pressen
De Botter an enger Pan schmëlzen an d’Enn fir 4 Minutten ubrode bis se mëll ass. De Knuewelek derbäiginn an nach eng Minutt broden, dann de Spinat an d’Ram derbäischëdden. Mat Salz a Peffer wierzen an op d’Säit stellen.
Wann de Fësch bis fäerdeg ass, de Schäffchen ausmaachen. D’Flëssegkeet aus der Form mat de Fësch an e Krou schëdden. De Fësch zréck an de waarme Schäffche stellen.
Zubereitung
De Botter fir d’Zooss an enger Kasserolle schmëlzen an d’Miel kuerz dran uschweessen. De wäisse Wäin derbäischëdden an eng gutt Minutt opkache loossen. De Fëschjus an d’Ram derbäischëdden an opkachen dass d’Zooss déckst.
Wann ee bis eng glat Zooss huet, mat Salz a Peffer ofschmaachen. De Fësch aus dem Schäffchen huelen (wann nach Jus an der Form ass, dee bei d’Zooss schëdden).
Op all Teller 2 Rouladë leeën, e bëssi Räis a Spinat derbäiginn a mat Zooss zerwéieren.
Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

.