Fir d'éischt Kommioun

Fir 1 rechteckeg Kucheform vu 25x20cm - Preparatioun: 1 Stonn 15 Minutten

Ingredienten :

6 Eeër
1 Pouz Salz
250g Zocker + 1,5 EL
1 Titche Vanillszocker
6,5 EL Rum
200g Miel
50g Maizena
2 TL Bakpolver
75 ml Waasser
4 EL Aprikose Gebeess

Zubereitung

1

Eng 25 x 20cm Kucheform afetten an de Buedem mat engem Stéck Bakpabeier beleeën.

2

4 Eeër trennen, d‘Eewäiss an eng grouss Schossel an d‘Eegiel an eng kleng Schossel ginn.

3

E bësse Salz bei d‘Eewäiss ginn a steif schloen.

4

An enger grousser Schossel, de mëlle Botter, Zocker a Vanillszocker vermëschen. Déi 4 Eegiel dobäiginn a vermëschen, dann déi 2 ganz Eeër dobäi ginn a vermëschen. De Rum dobäi schëdden a vermëschen.

5

An enger anerer Schossel, d’Miel, de Maizena an d’Bakpolver vermëschen. Lues a lues d’Mielmëschung an d’Bottermëschung ginn a vermëschen.

6

Dat steift Eewäiss drënnerhiewe bis dass e glaten Deeg entsteet.

7

De Grill vum Schäffchen op héich erhëtzen.

8

Eng dënn Schicht Deeg ënnen an der Kucheform verdeelen a fir 3 Minutten ënnert dem Grill bake bis dass den Deeg fest ginn ass.

9

An där Zäit, 1 ½ Iessläffel Zocker, 75ml Waasser an 1 ½ Iessläffel Rum an e klengt Dëppe ginn an erhëtze bis dass den Zocker sech opgeléist huet.

10

D’Aprikose Gebeess an engem aneren Dëppen erhëtzen, bis dass et leefeg gëtt.

11

D’Kucheform aus dem Schäffchen huelen an Aprikose Gebeess dorop verdeelen, dann eng néi Schicht Deeg driwwer ginn. De Kuch fir weider 3 Minutten ënnert dem Grill bake bis dass den Deeg fest ass.

12

Wann déi zweet Schicht gebak ass, mat Rumsirop bepinselen.

13

Eng néi Schicht Deeg iwwert de Kuch ginn, fir 3 Minutten ënnert de Grill ginn, dann Aprikose Gebeess dorop verdeelen. Dëse Prozess widderhuele bis dass de ganzen Deeg opgebraucht ass – dobäi ëmmer tëschent dem Aprikose Gebeess an dem Rumsirop ofwiesselen. Dir kritt ongeféier 10 Schichten.

14

Wann dir bis bei di läscht Schicht kommt, de Schäffchen op 180°C Ëmloft virhëtzen an de Kuch fir 10 Minutte baken, esou dass de Kuch vollstänneg gebak ass.

15

De Kuch fir 15 Minutten an der Form ofkille loossen. De Kuch op eng Hiertche leeën a komplett ofkille loossen.

Fir d'Glasur:

180 g Pudderzocker
2 EL Rum
1 EL Waasser

Zubereitung

1

Wann de Kuch bis kal ass, kann d’Glasur preparéiert ginn andeems all d’Ingredienten zesumme gemëscht ginn. Iwwert de Kuch sträichen an e puer Stonne waarde bis dass se fest gëtt.

2

Wann d’Glasur bis fest ass, de Kuch an dënn Tranchë schneiden an zerwéieren.

3

De Kuch hält sech a Sëlwerpabeier agewéckelt bis zu 4 Deeg.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

Search