Passioun fir Trüffelen

Preparatioun: 30 Minutten • Schäffchen: 20-25 Minutten • Vegetaresch

Ingrédients

65 ml Waasser
¼ TL Trüffelueleg
¼ TL Salz
70 g Miel
2 Eeër
1 Pouz Peffer

Zubereitung

1

De Schäffchen op 170°C Umluft virhëtzen.

2

Mëllech, Waasser, Botter, Trüffel Ueleg a Salz an en Dëppe ginn an zum kache bréngen. D’Miel an engem Coup derbäiginn a gutt mat engem Holzläffel vermësche bis dass den Deeg zu enger Boule gëtt.

3

D’Dëppe vun der Kachplack huelen an en Ee drënnerschloen. Et gesäit am Ufank sou aus wei wann et sech net gutt vermësche léisst, mee réiert einfach fest weider bis e glaten Deeg entsteet. Widderhuelt dëst mat dem zweeten Ee.

4

Wann d’Eeër bis am Deeg verschafft sinn, de Kéis drennerhiewen an dat Ganzt mat Peffer wierzen.

5

Den Deeg an en Sprëtzbeutel fëllen a kleng Kéipercher vun 3cm Duerchmiesser op en Bakblech mat Bakpabeier sprëtzen.

Fir d'Dekoratioun

1 Eegiel
1 EL Vollmëllech
1 Pouz Mohnkären
1 Grappvoll gerappten Emmentaler

Zubereitung

1

D’Eegiel mat der Mëllech vermëschen an all Gougèren domat besträichen. Mat Mohn a Kéis bestreeën.

2

D’Gougèren 20-25 Minutten am virgehëtzte Schäffche baken, bis se schéi brong sinn.

3

Op en Kuchengitter leeën a komplett ofkille loossen.

4

Wann d’Gougère bis kal sinn, d’Crème de chapelain an ee Spretzbeutel ginn dee mat enger klenger ronner Tülle ausgeluecht ass. D’Tülle an de Fong vun all Gougère stiechen an se mat e bëssi d’Crème de chapelain fëllen. Zerwéieren.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

Search