Den Hierscht bréngt d'Champignone mat

Fir 4 Persounen • Préparatioun : 1 Stonn 10 Min

Ingredients

2 Ënnen
1 kg Champignonen
200 g gereecherten Tofu
3 Knuewelekszéiwen
250 ml wäisse Wäin
2 Iessläffel Estragon, gehackt
2 Iessläffel Péiterséileg, gehackt
2 Kaffisläffel Maizena
1 Pouz Salz a Peffer
4 Bouchée Bliederdeeg-Näschter
200 g Räis

Zubereitung

1

D’Ënn schielen a reng hacken. 700g Champignonen a Véierel schneiden, de Rescht reng hacken. Den Tofu a Wierfel schneiden.

2

D’Hallschent vum Botter an enger Pan schmëlzen an d’Ënnen mat enger Pouz Salz wärend 8 Minutten ubroden, bis se richteg mëll a brong sinn. De Knuewelek schielen a pressen an no 8 Minutten bei d’Ënne ginn an eng weider 2 Minutten ubroden. Dat Ganzt an eng Schossel ginn an op d’Säit stellen.

3

De Rescht Botter an der Pan schmëlzen an d’Champignons-Véierel mat enger Pouz Salz wärend 5 Minutten ubroden, bis se ufänke Waasser ze loossen. Di gehaakte Champignonen derbäi ginn an dat Ganzt eng weider 10 Minutten ubrode bis all d’Waasser vun de Champignonen verkacht ass an d’Champignonen brong gebrode sinn.

4

D’Ënnen an den Tofu bei d’Champignonen an d’Pan ginn, de wäisse Wäin derbäi ginn an e puer Minutten opkache loossen. D’Ram an d’Kraider derbäi ginn an opkachen.

5

De Maizena mat 4 Iessläffel Waasser an enger klenger Schossel opléisen, da bei d’Zooss ginn a kuerz opkache loossen fir d’Zooss ze décksen.

6

Wärend d’Zooss kacht, d’Bliederdeeg Näschter bei 120°C am Schäffchen eng 10 Minutten opwiermen.

7

Den Deckel vun de Bliederdeeg Näschter rausschneiden. All Bliederdeeg mat enger gudder Portioun Champignonszooss fëllen a mam Deckel bedecken. Mat Räis zerwéieren.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

Search