Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Wäinzoossiss Köttbullar
Ee skandinavesche Klassiker mat Lëtzebuerger Twist!
Fir d’ageluechte Kornischongen
Zubereitung
Mat den ageluechte Kornischongen ufänken: d’Kornischongen a reng Scheiwe schneiden an an en Glas ginn. Den Esseg, Waasser, Salz, Zocker, Pefferkären an Dill derbäiginn. D’Glas zouschrauwen a gutt rëselen. Eventuell mat e bëssi Waasser opfëllen, fir dass d’Kornischonge komplett bedeckt sinn. An de Frigo stellen.
Fir d'Bouletten
Zubereitung
D’Boulettë preparéieren: d’Wäinzoossisse längelzeg opschneiden an aus der Haut huelen. D’Fleesch an eng Schossel ginn. D’Enn schielen a rappen a bei d’Fleesch an d’Schossel ginn. De Moschter, Muskot, Dill, Ee, 50ml Ram, Panéiermiel a Salz a Peffer derbäiginn. Gutt vermëschen an op d’Säit stellen.
20 kleng Boulettë mam Fleesch formen an op en Teller ginn.
15g Botter an 1 Iessläffel Ueleg an enger grousser Pan erhëtzen. D’Bouletten 10 Minutte laang ubroden, an se reegelméisseg wenden, bis se op alle Säiten ugebrode sinn an duerch sinn. Aus der Pan huelen.
40g Botter fir d’Zooss an der Pan schmëlzen an d’Miel derbäiginn. 1 Minutt laang kache fir e Roux ze maachen, dann no an no de Bouillon an 100ml Ram derbäischëdden. 5 Minutten akachen a mat Salz a Peffer wierzen.
Zubereitung
D’Grompere schielen an a Wierfel schneiden. An en grousst Dëppe mat salzegem Waasser ginn an opkachen, da 15 Minutte kache bis se mëll sinn.
D’Gromperen ofschëdden a mat dem Botter an der Ram zu engem Püree stampfen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen. Zoudecke fir waarm ze halen an op d’Säit stellen.
De Püree op 4 Tellere verdeelen. Jeeweils 5 Bouletten dropginn an eng gutt Portioun Zooss dropschëdden. Mat ageluechte Kornischongen an Airellen zerwéieren.