Virbereedung: 20 Minuten • Schäffchen: 5-10 Minuten • Vegetaresch

Dei beschten Alternativ zu Pizza: ee Klassiker aus dem Alsace
Zutaten
250 g gemëschte Champignonen
1 Knuewelekszéif
1 Fréijoerszwiwwel
1 Flammkuchendeeg
1 Zitroun
1 Pouz Salz an Peffer
Zubereitung
De Schäffchen op 250°C virhëtzen, dobäi e Pizzasteen oder de Blech am Schäffchen draloosse fir waarm ze ginn.
An enger klenger Schossel d’sauer Ram mat dem Estragon mëschen, a mat Salz a Peffer wierzen.
D’Champignone botzen an a Scheiwe schneiden.
De Botter an enger Pan erhëtzen an d’Champignonen 2 Minutte laang ubrode bis se hire Jus loossen. D’Knuewelekszéif schielen a pressen a bei d’Champignonen derbäiginn. Eng weider 2 Minutte brode bis de Jus verkacht ass.
E bësse Miel op ee Pizza Slider oder op een holzent Schneitbriet ginn. De Flammkuchendeeg dropleeën an d’sauer Ram driwwersträichen, dobäi e klenge Bord loossen.
D’Fréijoerszwiwwel a Scheiwe schneiden an zesumme mat de Champignonen iwwert de Flammkuchendeeg streeën.
De Flammkuchen an de Schäffchen op de Pizzasteen oder de Blech rutsche loossen. 5 Minutten um Pizzastee baken, oder eng 10 Minutten um Blech – bis dass de Flammkuchendeeg knuspreg ass.
Virum zerwéieren de Flammkuchen mat frëschem Zitrounezest bestreeën.
Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.