Preparatioun : 40 Minutten + 5 Stonnen Frigo

Amerikanesch Traditioun trefft op italieneschen Dessert
Zubereitung
Gitt den Egg Nog an en Dëppen a bréngt en op mëttlerer Hëtzt zum Kachen, dobäi déi ganzen Zäit réieren. Soubal den Egg Nog kacht, vun der Kachplack huelen.
Gitt wärend där Zäit d’Gelatinn-Blieder an eng Schossel mat kalem Waasser a loosst se wärend 5 Minutten zeien. Schëtt se of a presst d’Flëssegkeet aus de Blieder aus a gitt se bei de waarmen Egg Nog. Réiert kuerz bis sech d'Gelatinn opgeléist huet.
Verdeelt den Egg Nog tëscht 4 Glieser a loosst uewen e bësse Platz fir d’Spekulatius-Grimmelen. Deckt d’Glieser mat Frischhaltefolie of a stellt se fir minimum 5 Stonnen an de Frigo (am beschten iwwert d'Nuecht).
Wann d’Pannacotta steif ass d’Frischhaltefolie erofhuelen. E puer Spekulatiuskichelcher zerbriechen an d’Grimmele virum zerwéieren iwwert d’Pannacotta streeën.
Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.
