Your new favourite winter drink

Mécht 2 Tasen – Preparatioun: 15 Minutten

Ingredienten

1,5 TL Pumpkin Spice*
25ml Rum
25g Pudderzocker
1 Pouz gerappten Tonka Boun
1 EL Hunneg
  Sprinkles
  Mini Marshmallows

Zubereitung

1

D’Ram mam Pudderzocker an der gerappter Tonka Boun zu enger Schlagsan opschloen. An en Sprëtzbeutel mat enger stärefërmeger Nues ginn an an de Frigo leen bis een prett ass ze zerwéieren.

2

Den Hunneg schmëlzen an den Rand vun zwou Tasen domat besträichen. D’Sprinkles an e klengen, déiwen Teller ginn an de Rand vun den Tasen dranzappen.

3

Den Egg Nogg mam Pumpkin Spice an enger klenger Kasserolle erhëtzen bis et bal kacht, dobäi di ganzen Zäit réieren. Vun der Kachplack huelen an den Rum ënnermëschen.

4

Den Egg Nog op di zwou Tasen verdeelen an mat enger gudder Portioun Schlagsan bedecken, dann mat Sprinkles an mini Marshmallows dekoréieren.

5

*Fir ären eegenen Pumpkin Spice ze maachen, vermëscht 1 Téiläffel Kanéil, 1 Téiläffel Ingwer, ¼ Téiläffel Piment, eng Pouz Muskot an eng Pouz gemuelen Neelcheskäpp. Dëst mécht genuch fir 5 Portiounen gewierzten Egg Nog.

Rezept vum Anne’s Kitchen

logo tetra pak

.

Search