Gefrueren Lollies fir d'ganz Famill

Mécht 4 Glacen • Preparatioun: 20 Minutten + Truh iwwer Nuecht

  Sprinkles, fir ze dekoréieren

Zubereitung

1

Eng Glaceform mat 4 Lächer benotzen, an en Messer an eent vun den Lächer stiechen, sou dass et eng Barrière formt. E puer Läffelcher Kiischtejughurt op eng Säit vum Messer ginn an e puer Läffelcher Mangojughurt op di aner Säit ginn. Di ganz Form opfëllen an d’Messer rauszéien.

2

Mat den 3 weideren Lächer widderhuelen. Vergiesst net 1 Becher Kiischtejughurt fir d’Dekoratioun op der Säit ze halen. 4 Holzstäbecher an de Jughurt stiechen an d’Glacen iwwer Nuecht an d’Truh stellen.

3

Den nächsten Dag d’Glacen aus der Truh huelen an d’Form ënnert e Krunn halen fir dass d’Glacen sech léisen. D’Glacen aus der Form léisen an den ieweschten Deel an den Kiischtenjughurt zappen, an dann mat Sprinkles bedecken.

4

D’Glacen op e klengen Plateau mat Bakpabeier leeën an dann rëm fir mindestens eng hallef Stonn afréieren, éier dir se zerwéiert.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

Search