Fir 4 Persounen – Preparatioun: 30 Minutten

Nach besser mat engem Schotz Ram!
Zutaten
1
Enn
400g Bounen
1 grouss Gromper
2 EL Miel
1.5L Geméisbouillon, waarm
1 Lorberblat
2 TL Bounekraitchen
2 Mettwurschten
400g Bounen
1 grouss Gromper
2 EL Miel
1.5L Geméisbouillon, waarm
1 Lorberblat
2 TL Bounekraitchen
2 Mettwurschten
Zubereitung
1
D’Enn schielen a reng hacken.
2
D’Boune feeën an a mondgerecht Stecker schneiden. D’Gromper schielen an an 1cm grouss Wierfel schneiden.
3
De Botter an engem groussen Dëppe schmëlzen an d’Enn fir 4 Minutten ubrode bis se mëll ass. D’Miel derbäiginn an eng weider Minutt broden, dann de Geméisbouillon, d’Bounen, d’Gromper zesumme mam Lorberblat an dem Bounekraitchen derbäiginn.
4
Dat Ganzt opkachen, zoudecken an eng 10 Minutte kache bis d’Geméis duerch ass.
5
Wärend där Zäit d’Mettwurscht a Scheiwe schneiden.
6
No 10 Minutten d’Mettwurscht bei d’Zopp ginn an eng weider 5 Minutte kachen.
7
D’Ram derbäiginn an d’Zopp op 4 Teller verdeelen, direkt zerwéieren.
Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

.