Rezept erstellt von Anne's Kitchen
Lëtzebuergesch Tortillas
Ee Mexikanesche Klassiker à la luxembourgeoise
Zubereitung
De Schäffchen op 160°C Umluft erhëtzen.
D’Gaardeboune mat den Ierbessen 2 Minutten a kachendem Salzwaasser kachen. Ofschëdden an ënnert kalem Waasser ofschrecken.
D’Fréijoerszwiwwel an Tranche schneiden a mat de Boune vermëschen. De Kéis reng hacken.
10 Lächer vun enger Muffin Form mat Muffin Pabéierformen ausleeën.
All Tortilla an 12 Dräiecken schneiden. Jeeweils all Muffin-Lach mat 6 Dräiecken ausleeën, sou dass d’Spëtzt no bausse kuckt.
D’Ham a Véierecke schneiden a jeeweils e Stéck Ham an all Muffin-Lach op d’Tortillas leen.
D’Hallschent vun de Gaardebounen, Ierbessen a Fréijoerszwiwwelen an de Lächer verdeelen, mat dem Kéis bestreeën an da mam Rescht Gréngs beleeën.
An engem Miessbecher d’Eeër, d’Ram an d’Bounekräitche vermëschen a mat Salz a Peffer wierzen.
D’Eeërmëschung an de Muffinlächer verdeelen an d’Tortillas eng 18-20 Minutten am virgehëtzte Schäffche baken.
D’Tortillas kenne waarm oder kal giess ginn.