Fir 2 Bretzelen • Virbereedung : 45 Minutte • Rouen : 1 Stonn + 2 Stonne fir d’Glasur • Schäffchen : 25 Minutten

DIY fir de Bretzelsonndeg
Fir den Deeg :
500 g Broutmiel (T65)
40 g Zocker
¾ Téiläffel Salz
1 Ee
Zubereitung
De Botter schmëlzen a liicht ofkille loossen.
D’Hief an d’Mëllech opbriechen a réiere fir dass se sech opléist.
An enger grousser Schossel d’Miel, den Zocker an d’Salz vermëschen. De geschmolte Botter, d’Mëllech an d’Ee derbäiginn an dobäi mat engem elektresche Mixer knieden. Den Deeg 5 Minutte laang mat der Maschinn knieden (oder 10 Minutte wann een en mat den Hänn kniet). Den Deeg soll mëll a liicht pecheg sinn.
D’Schossel mam Deeg mat engem Kichenduch bedecken an 30 Minutten opgoe loossen.
Fir d’Fëllung :
60 g Cassonnade
½ Téiläffel Kanéil
1 Pouz Salz
1 Ee
4 Iessläffel Aprikosegebeess
Zubereitung
Wärend där Zäit d’Fëllung preparéieren : d’Mandelen, d’Cassonnade, Kanéil an eng Pouz Salz an eng Schossel ginn. D’Ee trennen an d’Eewäiss derbäi ginn – d’Eegiel fir méi spéit op d’Säit stellen. D’Aprikosegebeess dobäiginn an dat Ganzt gutt vermëschen – eventuell e bësse Waasser derbäiginn wann d’Mëschung ze dréche schéngt.
Den Deeg op eng Aarbechtsplack mat e bësse Miel ginn an zu engem laange Rechteck vun ongeféier 70 x 30 cm ausrullen. De Rechteck a 4 laang Sträife schneiden. D’Fëllung iwwert zwou Sträife sträichen, dann di Sträife mat deenen aneren zwou Sträife bedecken.
All Sträif iwwert sech selwer verdréien an dann an d’Form vun enger Bretzel formen. Op en Bakblech mat Bakpabeier leen a mat engem Kichenduch bedecken. 30 Minutten opgoe loossen.
Wärend där Zäit d’Eegiel mat engem Läffel Mëllech vermëschen.
De Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen.
Éier d’Bretzelen an de Schäffche ginn, se mat dem Eegiel besträichen. Dann 25 Minutten am Schäffche baken.
Soubal d’Bretzelen aus dem Schäffche kommen, se mat Aprikosegebeess besträichen an op eng Hiertche lee fir ofzekillen.
Fir d’Glasur :
70 g Pudderzocker
20 g Mandelbliedecher
Zubereitung
Wann d’Bretzele bis kal sinn de Pudderzocker mat der Mëllech zu enger décker Glasur vermëschen. D’Mandelbliedecher an enger Pan goldeg réischteren.
All Bretzel mat Glasur beträufelen a mat Mandelbliedecher bestreeën.
D’Bretzelen 2 Stonne raschte loossen, fir dass d’Glasur fest gëtt.
Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

.