Ee Klassiker fir Nationalfeierdag

Preparatioun : 45 Minutten + 30 Minutte Raschten

2 Eeër
85g Zocker
1 TL Vanillszocker
1 TL Vanillsextrakt
85g Miel
1 Pouz Salz

Zubereitung

1

D’Eeër an eng Schossel ginn an zesumme mam Zocker, Vanillszocker a Vanillsextrakt opklappen. De geschmolte Botter derbäiginn a gutt mixen. Dann d’Miel an d’Salz derbäiginn an zu engem glaten Deeg vermëschen. Eng hallef Stonn bei Zëmmertemperatur op d’Säit stellen, fir dass den Deeg mi fest gëtt.

2

No 30 Minutten en Wäffelcherseisen erhëtzen. E bëssi Botter am Eise verdeelen an dann en gudden Téiläffel Deeg an d’Mëtt vum Eise ginn. Zoumaachen an d’Wäffelche soulaang bake bis se goldeg brong ass (all Wäffelcherseisen ass anescht, et kann tëscht 30 Sekonnen an 2 Minutte pro Wäffelchen daueren, kuckt einfach heiansdo fir ze checken ob se prett ass).

3

D’Wäffelcherseisen opmaachen an d’Wäffelche mat enger Forschett oprullen. Op eng Hiertche gi fir ofzekillen. Mam reschtlechen Deeg weiderfueren – et brauch een d’Eisen no der éischter Wäffelchen net méi anzefetten.

4

D’Wäffelcher ofkille loossen an an enger Këscht bis zu enger Woch halen.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

 

Search