Mécht 4 Häerzer – Preparatioun: 15 Min.

Eng Iwwerraschung fir Är léifste Persoun!
Ingrédients
2 EL Zocker
1 Pouz Kanéil
8 Sandwichscheiwen ouni Rand
8 EL Schockelasbotter
25g Pudderzocker + e bësse fir ze zerwéieren
1 EL Amaretto (facultatif)
Hammbieren, fir ze zerwéieren
Zubereitung
Mat der Schlagsan ufänken: d’Ram an de Pudderzocker an e Krou ginn a steif schloen. Den Amaretto ennerhiewen, wann een es benotzt. An de Frigo stellen.
D’Ee an en déiwen Teller opschloen a mat der Mëllech, Zocker, an enger Pouz Kanéil vermëschen.
8 grouss Häerzer aus den 8 Sandwichscheiwen ausstiechen. De Schockelasbotter op 4 Scheiwe sträichen a mat de 4 anere Scheiwe bedecken.
10g Botter an enger Pan schmëlzen, di grouss genuch ass fir 2 Häerzer.
Zwee Häerzer an d’Eeermëschung zappen, sou dass d’Brout op alle Säite bedeckt ass. Am Botter brode bis se iwwerall schéi brong sinn, dann op en Teller leeën. Di reschtlech 10g Botter schmëlzen an di zwee aner Häerzer broden.
D’Häerzer mat e bësse Pudderzocker bestreeën a mat engem Flapp Schlagsan an e puer Hammbieren zerwéieren.
