The fluffiest scone ever

Preparatioun : 40 Minutten • Schäffchen : 18 Minutten • Mécht 6 Scones

270 g Miel
60 g Zocker + e bëssen fir driwwerzestreeën
½ Téiläffel Salz
2 Téiläffel Bakpolver
¼ Téiläffel Natron
1 ½ Téiläffel Vanill Extrakt
150 g frëscht oder gefruerent Molbier (net entdeet)

Zubereitung

1

D’Miel, den Zocker, d’Salz, d’Bakpolver an de Natron an eng Kichemaschinn ginn an kuerz mixen. De kale Botter a Küben schneiden an an d’Kichemaschinn ginn. Fir e puer Minutten mixen bis dat Ganzt wéi Broutgrimmelen ausgesäit a keng Klompen méi dran sinn. Wann dir net mat enger Maschinn schaffen wëllt, kennt dir de Botter mat den dréchenen Ingredienten tëscht ären Hänn reiwen bis et wéi Broutgrimmelen ausgesäit.

2

D’Mielmëschung an eng Schossel ginn. D’Bottermëllech, de Vanill Extrakt an d’Molbier derbäiginn an ënnert di dréchen Ingredienten hiewen bis dat Ganzt ufänkt zesummenzekommen. Kuerz mat den Hänn zu engem Deeg formen – den Deeg awer net fest knieden, en soll liicht an locker bleiwen.

3

Den Deeg op eng bemielten Surface ginn an zu engem 15 cm groussen an 3 cm héijen Disk formen.

4

6 Dräiecker ausschneiden an op en Bakblech mat Bakpabeier leeën. Fir 15 Minutten an de Frigo stellen fir dass d’Scones kal ginn.

5

Wärend där Zäit de Schäffchen op 200°C Ëmloft virhëtzen.

6

No 15 Minutten d’Scones mat Ram besträichen a mat e bëssen Zocker bestreeën. Am virgeheizten Schäffchen wärend enger 18 Minutten baken, bis d’Scones liicht brong sinn an en Stäbchen propper erauskënnt.

Fir d’Glasur :

70 g Pudderzocker
1 Iessläffel Limettejus

Zubereitung

1

D’Scones op enger Hiertchen ofkillen loossen. Wann se bis kal sinn, den Pudderzocker mat dem Limettejus vermëschen an d’Glasur iwwert d’Scones ginn. D’Glasur festginn loossen éier een d’Scones zerwéiert.

2

D’Scones schmaachen am beschten den Dag selwer.

Dëst Rezept gouf vum Anne’s Kitchen kreéiert.

 

logo tetra pak

Search